Speakeasy Podcast

Äddi a Merci #10 - Doud a Statistik 1/3

Informações:

Sinopsis

Wann een stierft, kënnt een net nëmmen op der Kierfech, mee och an d’Statistik. An dëser Episod kucke mer, wat den Job vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé ass. Firwat sammelt si Statistiken iwwert di Doudeg? Wéi mécht se dat? A wat gëtt mat deenen Daten gemaach? Dat fannt der eraus, wann der eran lauschtert! Am Gespréich den Guy Weber, d’Claudia Bors, d’Jill Pütz an d’Stéphanie Saleh. Hei geet et zum Rapport vun 2021: https://sante.public.lu/fr/publications/s/statistiques-causes-de-deces-2021.html