Speakeasy Podcast

Pandemie oder Patient Zero?

Informações:

Sinopsis

Stellt Iech emol fir, déi Welt an där Dir lieft fält enger viraler Pandemie zum Opfer. Mee, clever wéi Dir sidd, hutt der vum Confinement profitéiert, fir Är Zäitmaschinn fäerdeg z’entwéckelen! A lo ass se prett! Do stellt sech jo dann quasi automatesch déi moralesch Fro: Musst Dir net an der Zäit zréck reesen, an den Patient Zero, deen, duerch deen den Virus op de Mënsch iwwer gesprongen ass, deen, duerch deen alles ausgeléist gouf, ëmbréngen? Ee Mënsch opferen, fir e puer 100‘000 aneren d’Liewen ze retten? Däerf, soll oder muss een ee Mënsch opferen, fir der ganz vill ze retten? Ënnert wéi engen Bedéngungen? Oder firwat net? E Gespreich mam den Psychologen Max Buchler a Josy Jacoby an dem Philosophinnen-Duo Nora Schleich a Pascale Worré.