Speakeasy Podcast

  • Autor: Vários
  • Narrador: Vários
  • Editor: Podcast
  • Duración: 96:06:43
  • Mas informaciones

Informações:

Sinopsis

Podcast by Speakeasy

Episodios

  • D'Idée vu Lëtzebuerg

    31/07/2025 Duración: 55min

    Lëtzebuerg – e Land, eng Stad, eng (auslännesch) Provënz... oder just eng Iddi? Firwat hu mir e Nationalfeierdag – an net einfach en "Dag vum Siegfried" oder "Dag vum Caesar"? Wéini gëtt eng Iddie zum Fakt? A wien huet iwwerhaapt entscheet, datt mir eng Natioun sinn? Mam Historiker Pit Peporte sichen ech no de Wuerzelen vun eiser Nationalerzielung. Hei den Link zum "À propos" :https://luxembourg.public.lu/fr/publications/ap-histoire.html

  • Haut stierft de Bambi - Äddi a Merci #15

    30/06/2025 Duración: 46min

    Wat passéiert mam Jeeër, wann hien en Déier ëmbréngt ? Wéisou mécht een dat ? Wat fillt een dobäi? A wéi een Bléck huet den Jeeër op seng Beute? An der Episod 15 vun der Serie „Äddi a Merci – e Liewen mam Doud“ schwätze mer mam Ryan Shepherd iwwert säin déidlechen Hobby.

  • Where's the money, Kohnen? - Triple K #01

    01/06/2025 Duración: 41min

    Where's the money, Kohnen? Wéisou si mer net all scho laang ultra-räich? Trotz Zënsen, Kapital a Spuerbuch ginn et nach ëmmer Armer a Räicher. Déi Räich ginn ëmmer méi räich – an déi Aarm ëmmer méi vill. Dobäi sinn eis Gesellschaften nach ni esou produktiv gewiescht, an de weltwäite Räichtum war nach ni esou grouss wéi haut. Wat leeft schief? Oder wat hu mir net verstanen? Haut geet de Philosoph bei d’Economisten – an eraus kënnt de Triple K fir eisen Podcast: En Interview mam Mich a mam Paul Kohnen.

  • Äddi a Merci #13 - Deng läschte Kéier!

    02/05/2025 Duración: 45min

    Wat seet den Doud iwwert eis aus? D’Art a Weis, wéi mir iwwert den Doud schwätzen oder nodenken, seet dacks méi iwwert eis selwer aus wéi iwwer den Doud selwer. Ech diskutéieren an dëser Episod mam Marc Schoellen doriwwer, wat eis Approche zum Doud iwwert eis Approche zum Doud verroden – doppelt hält besser! Léisunge ginn et wéi gewinnt keng, mee dofir bleiwe mir entspaant an diskutéieren eng läschte Kéier iwwert den Doud.

  • Wéi geet Konsens?

    23/03/2025 Duración: 42min

    Konsens – Wéi geet dat? Geet en Nee duer, oder muss et ëmmer e kloren Jo sinn? Wéi gesäit dat an der Praxis aus? A wou läit d’Grenz tëscht Mëssverständnis a Verstouss? Dës Froen hunn ech mam Claire Schadeck an mam Esin Göksoy vum CID Fraen a Gender diskutéiert.

  • Den Trump-Faktor: Wat bedeit dat fir eis?

    24/02/2025 Duración: 01h48s

    Firwat gouf den Donald Trump erëm gewielt? Wat huet hie wëlles? Gëtt et e System hannert sengem Chaos? A wat bedeit dat fir eis an der EU? Déi Froen diskutéieren ech mam Journalist Petz Bartz.

  • Wou spukt et zu Letzebuerg?

    09/02/2025 Duración: 43min

    Wou spukt et zu Lëtzebuerg ? Wee spukt ? Firwat iwwerhaapt ? D’Land ass voll mat Geschichten iwwert Geeschter, den Däiwel, mee Zombies, Vampiren, asw. Fënnt een keng. Haut schwätze mer net mat Léit, di am Beräich „Doud a Stierwen“ schaffen, mee haut schwätze mer iwwert di Ondoudeg. Den Historiker Marc Schoellen erkläert eis, wou et hei am Land -angeblech – spukt Wou spukt et zu Lëtzebuerg? Wee geet als Geescht ëm? A firwat iwwerhaapt? Eis kleng Land ass gefëllt mat Geschichten iwwert Geeschter an den Däiwel – mee wou sinn d’Zombien a Vampiren? An dëser Episod schwätze mer net mat Leit, di professionell mam Beräich „Doud a Stierwen“ ze dinn hunn, mee iwwer dat, wat net sollt do sinn: di Ondoudeg. Den Historiker Marc Schoellen hëlt eis mat op eng Rees duerch déi lëtzebuergesch Spukgeschichten – vun de bekanntste bis bei déi vergiess. Lauschtert eran, fir erauszefannen, wou et am Land angeblech keng Rou angeblech spukt!

  • PhiloFlow Fir GSO #01 - Aféierung an d'Fach

    31/01/2025 Duración: 13min

    Erklärungen zum Fach "Questions Philosophiques" fir d'Première Générale (GSO, GSN, A3D, ...) Wat ass Philo, wat muss ech do maachen? An firwat ass et gutt?

  • PhiloFlow Fir GSO #07 - Den Walter Biemel

    31/01/2025 Duración: 20min

    Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Walter Biemel geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Video! 00:00 – Rond-Point 01:24 – Biographie 02:39 – Texterklärung 03:05 – Trivia “Pop-Art” 04:45 – Trivia „Abstract Art“ 05:52 – Revolutioun an der Konscht 09:50 – Präsenz an der Distanz 11:56 – Trivia „Kitsch“ 14:49 – Résumé vum Text 16:15 – Examens-Froen

  • PhiloFlow Fir GSO #06 - Den Walter Benjamin

    31/01/2025 Duración: 22min

    Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Walter Benjamin geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Video! 00:00 – Em wat geet et? 02:45 – Biographie 05:30 – Textanalyse 09:18 – Ausfluch “Massen-Kultur” 11:10 – Reproduzéierbarkeet 12:20 – Konsum vu Konscht 13:23 – Ausfluch “Entfriemung” 14:39 – Film 17:15 – Zerstreuung 19:10 – Résumé 20:00 - Prüfungsfroen

  • PhiloFlow Fir GSO #05 - Aféierung an d'Ästhetik

    31/01/2025 Duración: 25min

    Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier „Esthétique - au-delà de la beauté" geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat ass Ästhetik, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng philosophesch Froen stelle sech héi am Dossier? Dat kucke mer am Video! 00:00 – Intro 01:45 – l’art 02:55 – l’artisanat 04:23 – l’oeuvre d’art 08:06 – la nature 09:39 – le quotidien 11:05 – la morale 14:00 – Résumé 14:50 – Examens-Froen 15:17 – Ass an der Konscht alles erlabt? 20:45 – Mat wat däerf ech Konscht hierstellen? 22:50 – Ënnerscheed art-artisanat

  • PhiloFlow Fir GSO #04 - Den Rudolf Carnap

    31/01/2025 Duración: 17min

    Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Rudolf Carnap geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:00 – Intro a Biografie 02:32 – Experimentell Method 05:50 – Naturwëssenschaften 07:55 – Sozialwëssenschaften 10:30 – Tipp: Informed Consent 15:07 – Résumé

  • PhiloFlow Fir GSO #03 - Den Karl Popper

    31/01/2025 Duración: 15min

    Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Karl Popper geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:00 – Intro 02:05 – Irrwege 02:50 – Deduktioun 04:15 - Induktioun 06:12 – Induktiounsproblem 11:32 - Examensfroen

  • PhiloFlow Fir GSO #02 - Dossier Epistemologie & Philo Des Sciences

    31/01/2025 Duración: 33min

    Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier „Épistémologie les sciences“ geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat ass Philo des sciences, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng philosophesch Froen stelle sech héi am Dossier? Dat kucke mer am Vidéo! 00:00 - Em wat geet et? 02:09 - Konzepter an Notiounen 16:41 - Offiziell Froen vum Programm 19:45 - Aner philosophesch Froen

  • PhiloFlow Fir GSO #11 - Aféierung an d'Ethik

    31/01/2025 Duración: 36min

    Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D ? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier Ethik geet? Wat ass Ethik iwwerhapt? Wéi eng Froen ginn am Dossier behandelt? Wat fir Konzepter muss de kennen? Dat kucke mer an dësem Video! 00:47 - Wat ass Ethik? 07:57 - Froen vum Dossier 08:20 - Qui est autrui? 13:37 - Déieren an der Ethik? 16:25 - Verantwortung fir d'Ëmwelt? 17:37 - Wat ass Verantwortung? 19:09 - Verantwortung fir meng Nächst? 21:03 - Grouss Muecht, grouss Verantwortung? 23:50 - Konzepter vum Dossier 23:52 - Morale 25:18 - Éthique 27:28 - Autrui 28:34 - Animal 32:47 - Devoir 34:00 - Responsabilité 34:45 - Pouvoir 35:43 - Résumé 10:05 - Staat an Muecht vum Staat 19:03 - Konzepter 19:08 - Mënsch 20:47 - Staat 23:55 - Gesellschaft 26:00 - Fräiheet 29:13 - Natur an Kultur

  • PhiloFlow Fir GSO #10 - Den Jean-Paul Sartre

    31/01/2025 Duración: 21min

    Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Sartre ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:30 – Biographie 02:35 – Textanalyse 08:20 – Beispill vum Handy 10:29 - Prüfungsfroen 13:53 - Fro 1: Wëlle mer wierklech fräi sinn? 16:02 - Fro 2: Ass de Staat Frënd oder Feind vu menger Fräiheet?

  • PhiloFlow Fir GSO #09 - Den Thomas Hobbes

    31/01/2025 Duración: 27min

    Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Thomas Hobbes geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Video! 00:20 – Biographie 04:30 – Staat, Muecht an Batman 08:08 - Textanalyse 22:15 - Fro 1: Brauche mer de Staat? 23:30 - Fro 2: Muss d'Gesellschaft d'Muecht vum Staat aschränken? 26:27 - Prüfungsfroen

  • PhiloFlow Fir GSO #08 - Aféierung an d'Anthropolgie

    31/01/2025 Duración: 21min

    Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D ? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier Anthropologie geet? Wat ass Anthropologie iwwerhapt? Wéi eng Froen ginn am Dossier behandelt? Wat fir Konzepter muss de kennen? Dat kucke mer an dësem Video! 00:00 - Intro 08:01 - Froen vum Dossier 08:16 - Iwwerbleck iwwert d'Froen 10:05 - Staat an Muecht vum Staat 19:03 - Konzepter 19:08 - Mënsch 20:47 - Staat 23:55 - Gesellschaft 26:00 - Fräiheet 29:13 - Natur an Kultur

  • PhiloFlow Fir GSO #13 - Den Hans Jonas

    31/01/2025 Duración: 28min

    Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Hans Jonas? Oder du wëlls einfach méi zum Prinzip Verantwortung léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:32 – Biographie 01:50 - Textanalyse Abschnitt 1 07:44 - Heuristik der Furcht 14:20 - Abschnitt 3 & 4 17:03 - Imperativ 19:33 - Schluss vum Text 23:42 - Prüfungsfroen 25:15 - Résumé

  • PhiloFlow Fir GSO #12 - Den Peter Singer

    31/01/2025 Duración: 20min

    Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Peter Singer? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:35 – Biographie 01:02 - Wat ass Utilitarismus? 01:45 - Biographie Part 2 04:28 – Textanalyse 14:42 – Iwwerbléck 18:19 - Prüfungsfroen

página 1 de 9