Sinopsis
Podcast by Speakeasy
Episodios
-
Ukraine mam Petz Bartz #3
17/07/2023 Duración: 31minDag 500 vun der russescher Spezial-Militär-Operatioun: Wéi verleeft de Krich? Wat huet Wagner a Russland gezwafft? Wéi een Afloss huet dat op de Krich ? Wéi steet de Putin do? A wou bléift di ugekënnegt ukrainesch Grouss-Offensiv? Dat sinn di Froen, di ech mam Petz Bartz an dëser Episod diskutéieren.
-
Walrecht ab 16?
12/07/2023 Duración: 30minEch diskutéieren haut mam Marc Schoentgen, dem Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, doriwwer, ob e Walrecht ab 16 sënnvoll ass, wat dofir an dogéint schwätzt, an och iwwert di „80%“, di virun 8 Joer dogéint waren.
-
Äddi a Merci #6 - Beim Paschtouer
14/06/2023 Duración: 55minWéi seet een Äddi? Wat denkt oder fillt een als Paschtouer, wann een eng Doudemass hält oder en Begriefnis begleet? Wéi leeft dat ganzt iwwerhaapt of? Dat sinn e puer vun den Froen, déi ech mat bei den Francis Erasmy geholl hunn, den Dekan vun der Iechternacher Basilika.
-
Äddi a Merci #5 - Beim Véi-Dokter
12/06/2023 Duración: 25minDen zweeten Interview an der Serie "Äddi a Merci - E Liewen mam Doud". An dëser Episod diskutéieren ech mam Véronique Jaeger doriwwer, wéi en Véidokter am Job mam Doud vu sengen Patienten ëmgeet.
-
Äddi a Merci #4 - Euthanasie
09/05/2023 Duración: 35minDen eischten Interview an der Serie "Äddi a Merci - E Liewen mam Doud". An dëser Episod treffen ech mech mam Dr. Romain Stein, fir iwwert seng Erfahrungen mat Euthanasie ze schwätzen.
-
Äddi a Merci #3 - Promenade III
09/05/2023 Duración: 33minDe Schluss vun menger Promenade duerch den Doud mam Félix Koch. We put the fun in funeral - or do we? Däerf een iwwert Doud laachen, oder ass dat Thema dout-eescht? Dat hei ass den drëtten Deel vun der Serie iwwert den Doud
-
Äddi a Merci #2 - Promenade II
09/05/2023 Duración: 34minEng Promenade duerch den Doud, bei den Doudegen. An dëser Episode ginn ech mam Félix Koch op den däitsche Militär-Kierfecht zu Sandweiler. Mir schwätzen doriwwer, wat een nom Doud hannerléisst, oder hannerloossen wëll (an och natierlech iwwert de Krich). Dat hei ass den zweeten Deel vun der Serie iwwert den Doud.
-
Äddi a Merci #1 - Promenade I
09/05/2023 Duración: 32minEng Promenade duerch den Doud, bei den Doudegen. An dëser Episode ginn ech mam Félix Koch op de Kierfecht zu Clausen. Mir schwätzen doriwwer, wéi mir dem Doud begéint sinn. Dat hei ass den éischten Deel vun der Serie iwwert den Doud.
-
Wien war de Loschi?
15/04/2023 Duración: 50minWien war de Loschi? Respektiv, ween ass de Loschbuer-Mann? Ass hien deen eelste Lëtzebuerger? Wat kënne mer vun him léieren? Wéi eng Bedeitung huet de Loschi fir eis haut? E Gespréich mam Patrick Michaely, dem Direkter vum Natur-Musée
-
Epistemo #7 – Feyerabend
09/04/2023 Duración: 35minGëtt et eng eenheetlech Methode oder Struktur fir all d’Wëssenschaften? A wat ass eng soirée de feu? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Wëssenschaftsphilosophie. An dëser Episod erklären ech den Paul Feyerabend an den epistemologeschen Anarchismus.
-
Epistemo #6 - Kuhn
09/04/2023 Duración: 29minWéi entwéckelen sech d’Wëssenschaften? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Wëssenschaftsphilosophie. An dëser Episod erklären ech den Thomas Kuhn an d’Revolutiounen an den Wëssenschaften.
-
Epistemo #5 - Karl Popper
09/04/2023 Duración: 36minSinn wëssenschaftlech Aussoen ëmmer nëmmen Hypotheesen? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Wëssenschaftsphilosophie. An dëser Episod erklären ech den Karl Popper an den Falsifikationismus. Link zur Episod iwwert UFOs : https://soundcloud.com/speakeasylux/episod124
-
U.F.O. - Whiskey Tango Foxtrot?
24/03/2023 Duración: 01h11minUnidentified flying object, unidentified aerial phenomenon – wat verstoppt sech hannert deenen Ofkierzungen? 2021 verëffentlecht de Pentagon den UAP Rapport, 2023 schéissen divers Länner UFO’en of. Mee dat bedeit net onbedéngt, dass d’Aliens do sinn! Oder awer dach? Wéi kënne mer mat Phänomener ëmgoen, di mer net verstinn ? E Gespréich mam Mario Pleimling
-
Epistemo #4 - Kant
04/02/2023 Duración: 35minWat sinn d'Konditiounen vun der Méiglechkeet vu Wëssen? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Épistémologie & Philosophie des Sciences An dëser Episod erklären ech den Immanuel Kant an den Kritizismus.
-
Epistemo #3 - Locke
02/02/2023 Duración: 30minSinn eis Sënner di exklusiv Quell vun eisem Wëssen? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Épistémologie & Philosophie des Sciences An dëser Episod erklären ech den John Locke an den Empirismus.
-
Epistemo #2 - Descartes
02/02/2023 Duración: 39minGëtt et Wëssen, un dem een net zweifelen kann? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech den René Descartes an den Rationalismus.
-
Epistémo #1 - Eng Aféierung
02/02/2023 Duración: 21minWat ass Épistémologie? Wat ass philosophie des sciences? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique
-
Philo Pol #5 - Rawls
28/01/2023 Duración: 36minWat sinn d’Prinzipien vun enger Gerechter Gesellschaft? A firwat ass di vernünfteg Äntwert (laut dem Rawls) Fairness? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech den John Rawls. Link zum Podcast mam Taina Bofferding zum Thema Gläichheet an dem Ministère de l’Égalité entre les femmes et les hommes https://soundcloud.com/speakeasylux/glaichheet Link zur Episod zum Gender Wage Gap mam Vera Dockendorf an dem Milena Steinmetzer https://soundcloud.com/speakeasylux/gender-wage-gap
-
Philo Pol #4 - Tocqueville
28/01/2023 Duración: 32minAss de Staat e Frënd oder e Feind vun der Fräiheet? Oder steet de Bierger sech selwer am Wee? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech den Alexis de Tocqueville.
-
Philo Pol #3 - Locke
22/01/2023 Duración: 18minWat ass Kontraktualismus? Oder Natur-Recht? A wat huet dat mat Liberalismus ze dinn? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech den John Locke.