Speakeasy Podcast

  • Autor: Vários
  • Narrador: Vários
  • Editor: Podcast
  • Duración: 96:06:43
  • Mas informaciones

Informações:

Sinopsis

Podcast by Speakeasy

Episodios

  • Philo Pol #2 - Hobbes

    22/01/2023 Duración: 16min

    Kann de Mënsch ouni Staat liewen? Kann eng Gesellschaft ouni Staat existéieren? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech den Thomas Hobbes.

  • Philo Pol #1 - Intro

    22/01/2023 Duración: 16min

    Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech, wat politesch Philo ass, an ginn e schnellen Iwwerbléck, wat op der 1e um Programm steet.

  • De Krich an der Ukraine - 10 Méint méi spéit

    21/01/2023 Duración: 43min

    Wat ass an den läschten Méint an der Ukrain passéiert? Firwat? Gesäit een schonn Tendenzen, wéi de Krich wäert weidergoen? Oder wéi en wäert ausgoen? 10 Méint no eisem läschten Gespréich doriwwer hunn ech mech erëm mam Petz Bartz getraff, fir en Follow-Up ze maachen.

  • Dossier Intro - Cours fir Primaner

    19/01/2023 Duración: 50min

    Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Intro. Ech behandelen dobäi follgend Froen: Wat ass Philosophie? Wéi fonctionéiert Philosophie? Wéi eng Beräicher ginn am Fach Philosophie behandelt? Wéi eng Themen deckt d’Kapitel Intro vum Fach Philo of? Wat erwaart een an der Prüfung an am Examen?

  • Top 3 vun 2022 mam Petz Bartz

    18/01/2023 Duración: 33min

    Wat waren di wichtegst international Events vum Joer 2022? A selbstverständlech firwat? E Gespréich mam Petz Bartz

  • Short #4 - No army, no problem?

    29/12/2022 Duración: 12min

    Wat wär, wann et keng Arméien géifen ginn? Oder wann et kee Krich géif ginn? Ass di beschten Léisung, fir dass kee méi am Krich stierwen muss, net einfach, guer kee Krich méi unzefänken?

  • Short #3 - Stierwe Fir Mäi Land?

    12/12/2022 Duración: 11min

    Däerf e Staat vu senger Bierger verlaangen, an de Krich ze zéien? A wa jo, firwat? Oder firwat net? A wéi eng Weltbiller verstoppen sech hannendrun? E puer Iwwerleeungen vum Thomas Koenig

  • Gläichheet - En Interview mam Taina Bofferding

    22/11/2022 Duración: 41min

    Gläichheet vu Fraen a Männer – wat soll een sech dorënner virstellen? Firwat war den MEGA mol en Ministère vun Chancëgläichheet, an elo ass et een just nach vu Gläichheet? A wat ass mat Gläichberechtegung? Wat verstoppt sech hannert deenen Konzepter an firwat ass de MEGA iwwerhaapt do? En Interview mat der Ministesch Taina Bofferding

  • Speakeasy Short 2 - Zaldoten

    23/10/2022 Duración: 12min

    Conscriptioun an enger Demokratie ass problematesch. Mee wat ass, wann d‘Zaldoten fräiwëlleg fir hiert Land kämpfe wëllen? Oder wann se fir Geld kämpfen? Wéi en Zorten vun Zaldot gëtt et iwwerhaapt? An dësem 2. Short féiert den Thomas Koenig d’Iwwerleeung vum éischten weider.

  • Speakeasy Short 1 - Mobilisatioun

    17/10/2022 Duración: 11min

    An Europa ass Krich, an et gi Léit géint hiren Wëllen mobiliséiert. Wat wär, wann dat zu Lëtzebuerg géif passéieren? Wéi verdroen sech Wehrpflicht an Demokratie? Den Thomas Koenig huet sech e puer Gedanke gemaach.

  • Stolpersteng

    24/09/2022 Duración: 53min

    Wéi wichteg ass d’Mémoire? A wéi commémoréieren mer richteg? Firwat iwwerhaapt engem gedenken, wiem gedenke mer, a fir wen eigentlech? D’Stolpersteng sinn eng Aktioun, di di Froen erëm aktualiséiert hunn, a fir Diskussioun gesuergt hunn. Fir ze verstoen, wéi en Denkmal un d’Opfer vun den Nazien problematesch ka sinn, hunn ech beim Françoise Brück a mam Jacques Delleré nogefrot.

  • Alligator-River-Story

    01/09/2022 Duración: 32min

    Sex, Jalousie, Léift, Gewalt, Verrot, Ausbeutung (an Alligatoren?), en gutt Rezept fir en spannenden Film, oder awer och dat ideaalt Rezept fir en moraleschen Problem! Ass hei all Mënsch en Opfer, oder sinn et alles Täter? Oder ass d'Situatioun an dësem Fall esou trubel wéi d'Gewässer vum Floss, nieft dem d'Drama stattfënnt? Haut diskutéieren ech mam Félix Koch iwwert di sougenannten Alligator-River-Story.

  • Muss d'Police mech schützen?

    26/07/2022 Duración: 21min

    Et kéint ee mengen, d’Missiounen vun der Police wären de Schutz vum Bierger an d’Erhalen vu Sécherheet a Fridden. Mee an den USA ass dat awer net esou, do huet d’Police keng föderal Obligatioun, déi Saachen ze maachen. Wéi ass et dann zu Lëtzebuerg? Huet d’Police en devoir de protection? Ech war bei d’Simone Beissel, fir Äntwerten op meng Froen ze kréien.

  • Batman, Superjhemp a Vigilantismus

    25/07/2022 Duración: 21min

    Eng Fro, di mer eis am Speakeasy oft gestallt hunn, ass, ob de Batman an de Prison gehéiert. Philosophéieren kann een vill doriwwer, wat da lo richteg ass, oder moralesch noutwenneg. Mee wat seet d’Gesetz? Däerf den eenzelen Bierger fir Recht an Uerdnung suergen? Däerf een sech als Superheld verkleeden an den Batman nomaachen? A firwat erlaabt den Superjhemp-Film sech souvill Fräiheeten mam Realismus? Ech war beim Simone Beissel, fir Äntwerten op meng legal Froen ze kréien an hunn mam Regisseur Félix Koch nach eng Kéier iwwert d’Roll vun den Superhelden geschwat. Link zu eiser eischter Episod zum Thema Batman https://soundcloud.com/speakeasylux/prison-fier-de-batman

  • Vum Tram gepaak

    25/07/2022 Duración: 18min

    Soll ech een Onbekannten opferen, fir der puer ze retten? Oder soll ech mech op kee Fall amëschen? Däerf ech een aktiv ëmbréngen, fir aneren Liewen ze retten? Di Froen ginn an am Trolley-Problem an an sengen ville Varianten op gehäit. Mee dës Kéier wollt ech net wëssen, wat ethesch besser wär. Dës Kéier interesséieren ech mech dofir, wat d’Gesetz zum Trolley-Problem ze soen huet. Eng Diskussioun mam Simone Beissel Link zur Episod vum Trolley Problem https://soundcloud.com/speakeasylux/trolley-problem-revisited-classic Link zur Episod vum “fette Mann” https://soundcloud.com/speakeasylux/trolley-problem-revisited-fat-man

  • Zwergenwäitworf

    26/06/2022 Duración: 36min

    Ass Zwergen-Werfen onwürdeg? Haut stelle mer eis net d’Fro, wéi wäit ee goen kann, mee wéi wäit ee werfen soll. Oder éischter op een iwwerhaapt werfen soll. Däerf een de Leit am Numm vu bestëmmten Prinzippien eppes verbidden, wat se maachen wëllen, oder net? Mir probéieren, déi Fro ze beäntweren, an diskutéiere béi eisem philosopheschen Kaffiskränzschen iwwert Zwergenwerfen, Beleidegung vu reliéisen Gefiller, daf Lesben, Ofdreiwung, Kannibalismus, schlecht Wuertspiller (Tous les moyens pour s’envoyer en l’air sont-ils bons?) an Mënscherechter. Dat üblecht, also. Diskussiounspartner haut: De François Wirion

  • Krich, wat, firwat a wat elo? - E Gespreich mam Petz Bartz

    06/03/2022 Duración: 50min

    De Krich an der Ukrain – Hätt een en misse komme gesinn? Wat passéiert eigentlech? A firwat? Si mer hei zu Lëtzebuerg a Gefor ? Wéi geet et weider? Et ass zwar onméiglech, am Moment Äntwerten op di Froen ze ginn, mee ech probéieren mam Petz Bartz emol mer en Iwwerbléck iwwert d’Situatioun ze verschafen.

  • Pandemie, fake news an d'Presse

    24/01/2022 Duración: 41min

    Lügenpresse, am Déngscht vun der Diktatur, Propaganda-Apparat…der Presse gëtt villes virgeworf. An an der Pandemie ass de Phänomen just nach méi intensiv ginn. Wéi erlieft d’Presse déi Situatioun? A wouhier weess ech, dass ech der Presse trauen kann? E Gespréich iwwert fake news a Journalismus an enger Pandemie mam Jean-Claude Franck (Chefredakter vum 100,7) a mam Guy Weber (Informationsdirekter vun RTL)

  • Wat däerf e Journalist soen?

    10/01/2022 Duración: 40min

    Muss d'Presse neutral sinn, oder méi pädagogesch? Däerf se parteiesch berichten? Däerf se pejorativ Ausdréck benotzen? Ech hu mam Petz Bartz iwwert d'Neutralitéit vun der Presse geschwat.

  • Interview Simone Beissel - Part 3

    27/12/2021 Duración: 13min

    Ofschléissend zu mengem Gespréich mam Simone Beissel diskutéieren mer och d’Fro: Hätt een d’Verfassungsreform net missten dem Vollek via Referendum ënnerbreeden? D'Säit vun der Chambre zur Verfassungsreform: https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/Constitution

página 4 de 9