Speakeasy Podcast

  • Autor: Vários
  • Narrador: Vários
  • Editor: Podcast
  • Duración: 96:06:43
  • Mas informaciones

Informações:

Sinopsis

Podcast by Speakeasy

Episodios

  • Interview mam Meris Sehovic vun Déi Gréng - Deel 1

    05/01/2020 Duración: 35min

    Fir déi, deenen 90 Minutten ze laang sinn: Deel 1/3 vu mengem Gespréich mam Meris Sehovic, an deem mer doriwwer schwätzen, firwat hien an d’Politik gaangen ass, mee och iwwert de Brexit an d’Demokratie am groussen Ganzen.

  • Interview mam Meris Sehovic vun Déi Gréng

    05/01/2020 Duración: 01h30min

    Firwat mécht een Politik? An wéisou grad bei Déi Gréng? En Gespréich iwwert Politik, d’Welt, Philosophie, dat Üblecht eben! E Gespréich mam Meris Sehovic

  • Heavy Metal - Deel 07 - Men, metal...and make-up?

    10/12/2019 Duración: 53min

    An eiser grousser Serie iwwer Heavy Metal kucke mer des Kéier, wéi Männer am Metal duergestallt ginn, sief et an Lidder oder Bands. Huet Metal en Problem mat Männer, firwat verkleeden sech verschidden Bands als Fraen oder si mer am Alldag ze fantasie-los? Dat, an nach villes méi a mengem Gespréich mam Alain Herman an dem Josy Jacoby. Falls der d’Virgänger-Episod “Woman, be my slave?” nach net gelauschtert hutt: https://soundcloud.com/speakeasylux/heavy-metal-deel-06-woman-be-my-slave

  • Heavy Metal - Deel 06 - Woman, be my slave?

    10/11/2019 Duración: 59min

    An eiser grousser Serie iwwer Heavy Metal kucke mer des Kéier, wéi Fraen am Metal duergestallt ginn, sief et an Lidder oder an Bands. Huet Metal en Problem mat Fraen, oder ass alles just harmlos Fantasie? Diskussiounspartner: Den Alain Herman an den Josy Jacoby

  • Interview mam Amir Vesali

    07/10/2019 Duración: 48min

    Firwat mécht een Politik? An wéisou grad bei den Sozialisten? Mat wéi engen Zieler oder Hoffnungen? Eng Diskussioun queesch duerch de Gaart iwwert politesch an philosophesch Themen. Am Gespréich: den Amir Vesali

  • Interview mam Gary Diderich vun Déi Lénk

    14/09/2019 Duración: 01h08min

    Firwat mécht een Politik? An wéisou grad bei Déi Lénk? Hunn lénks Ideeën net aus gedéngt? Wei eng Roll spillt Lëtzebuerg an der Welt? Wéi eng Problemer huet Lëtzebuerg? An gehéiert de Batman an de Prisong? E Gespréich mam Gary Diderich

  • Onofhängegkeet vun der Presse?

    05/09/2019 Duración: 01h08min

    Kënnen déi traditionell Medien objektiv sinn? Oder neutral? Oder onofhängeg? Hunn se iwwerhaapt nach eng Rolle ze spillen an Zäiten vun fake news, filterbubbles, alternativen Fakten an Post-Wourecht? Ech hu mer geduecht, déi Froen stellen ech am beschten Vertrieder vun deenen Medien selwer! Gespréichspartner: Den Christoph Bumb, den Yann Logelin an den Guy Weber.

  • Heavy Metal - Deel 05 - 5 essentiell Lidder

    12/06/2019 Duración: 34min

    Am leschten Deel erklären den Alain an den Josy, wei eng 5 Lidder fir si jeeweils d’Essenz vum Metal duer stëllen. Nerdgasm warning! Diskussiounspartner: Den Alain Herman an den Josy Jacoby

  • Heavy Metal - Deel 04 - Zukunft vum Metal

    12/06/2019 Duración: 32min

    An Deel 4/5 diskutéiere mer, op Metal säit den 1990er aus gedéngt huet, oder musikalesch an inhaltlech nach eppes ze bidden huet. Diskussiounspartner: Den Alain Herman an den Josy Jacoby

  • Heavy Metal - Deel 03 - The Good, the Bad and the Ugly

    12/06/2019 Duración: 20min

    Deel 3 vun 5: Heavy Metal ass gutt Musek...kéint ee mengen, an vill Leit mengen dat och. Mee wéisou gëtt et dann esou vill schlechte Metal? Respektiv, muss d‘Iwwerleeung hannert Metal ëmmer Déifgang hunn? Kann et net einfach als en Mëttelfanger un de Recht vun der Welt gesinn ginn? Diskussiounspartner: Den Alain Herman an den Josy Jacoby

  • Heavy Metal - Deel 02 - Mythologie an Psychologie

    12/06/2019 Duración: 24min

    Am Deel 2/5 ginn mer op d’Fro an, wéi eng Ideeën sech hannert dem Metal, oder och den Metaller verstoppen, an wat een ran interpretéieren kann, soll oder däerf. Diskussiounspartner: Den Alain Herman an den Josy Jacoby

  • Heavy Metal - Deel 01 - Wat ass Metal?

    12/06/2019 Duración: 13min

    Wat ass Heavy Metal? Wat bedeit et? Wou kënnt et hier? Firwat ass et verbonnen mat Aggressivitéit, dem Doud oder aneren Trieber? Huet Metal aus gedéngt, oder ass et inhaltlech nach pertinent? Déi Froen an nach méi diskutéieren 3 Metalheads...pardon, nee, en Dokter an der Sozialpsychologie, en Germanist an en Philosoph. Am Deel 1/5 ginn mer op d'Fro an, wat Metal dann elo eigentlech fir eis bedeit. Diskussiounspartner: Den Alain Herman an den Josy Jacoby

  • Wat maache mer mat der Konscht?

    09/04/2019 Duración: 27min

    Wat ass Konscht? Wéisou ass et esou schwéier, fir vill Leit, eppes mat moderner Konscht unzefänken? Ass Konscht iwwerhaapt nach “eppes” oder ass mëttlerweil alles Blödsinn? Wéisou Sinn um Bild vun dësem Podcast Schong ze gesinn? Déi Froen, an nach ganz vill anerer, diskutéieren mer an eisem Gespréich mam Patricia Baum.

  • E Gespreich mam Alain Herman - Deel 3 vun 3

    25/03/2019 Duración: 48min

    Drëtten an leschten Deel vum Gespreich mam Alain Herman vun der KPL. Des Um Menu des Kéier: Politikverdrossenheet, representativ Regierungen, Geschichtsschreiwung, alternativ Fakten, Medien, Manipulatioun, journalistesch Fräiheet, den George Orwell, Utopien, sozial Deieren an nach villes méi.

  • E Gespreich mam Alain Herman - Deel 2 vun 3

    21/03/2019 Duración: 31min

    Wat sinn déi dréngendsten Problemer, déi Lëtzebuerg huet? Wat ass d’Positioun vum Land an der Welt? Wat wären déi éischt Moosnamen, déi den Alain Herman géif huelen, wann hien Premier war? Brauche mer eng Arméi, soll Lëtzebuerg erëm neutral ginn? Déi Punkten an nach méi sinn d’Thema vum zweeten Deel vu mengem Gespréich mam Alain Herman.

  • E Gespreich mam Alain Herman - Deel 1 vun 3

    10/03/2019 Duración: 21min

    Wei tickt en Politiker? An wéisou engagéiert een sech bei de Kommunisten? Am éischten Deel vu mengem Gespréich mam Alain Herman fanne mer méi zur Persoun eraus, déi hannert dem Politiker stécht.

  • Wei verdroen sech Redefräiheet an Négationismus?

    19/01/2019 Duración: 25min

    An dëser 36. Episode interesséiere mer eis am Cadre vun der Journée de la Mémoire fir Negationismius, méi spezifesch fir Holocaust-Leugner. Wat ass Negationismius? Wou kennt et hir? Ass et eng Gefor fir d'Demokratie? An selbstverständlech: huet een d'Recht, am Numm vun der Riede-Fräiheet, fir den Holocaust ze leegnen oder net? Diskussiounspartner: Den Marc SCHOENTGEN an den Romain SCHROEDER vum Zentrum fir politesch Bildung

  • Superjhemp - Design-Prinzipien

    17/12/2018 Duración: 28min

    Wei mécht een e Film? Wei eng Gedanken stiechen dohannert? A wei kritt een seng Ideeën am beschten op Pellicule bruecht? En Gespréich mam Réalisateur Félix Koch

  • Superjhemp - Konformismus?

    17/11/2018 Duración: 23min

    Mach wei d'Leit, da geet et der wei der Leit? Ass dat sou? An wei eng Roll spillt dee Satz am Superjhemp-Film? En Gespréich mam Félix Koch iwwert den déiweren Gedanken hannert sengem Film.

  • E Gespreich mam Zentrum fir politesch Bildung

    12/09/2018 Duración: 22min

    Net nëmmen en Gespréich MAM Zentrum fir politesch Bildung, mee och AM Zentrum. Den ZPB kritt virgeworf, net neutral ze sinn, oder carrément en Propaganda-Instrument. Fir eraus ze fannen, wat dohannert stécht, an wat een sech ënner politescher Bildung virstellen kann, ware mer an den ZPB an hunn d'Saach emol ënnert d'Loup geholl. E Gespréich mam Marc Schoentgen an mam Romain Schroeder.

página 7 de 9