Speakeasy Podcast

  • Autor: Vários
  • Narrador: Vários
  • Editor: Podcast
  • Duración: 96:06:43
  • Mas informaciones

Informações:

Sinopsis

Podcast by Speakeasy

Episodios

  • Ostheopathie - Typen an Risiken

    24/07/2018 Duración: 14min

    Hokus-Pokus, Pseudo-Medizin, oder einfach just brutal Massagen? Et gëtt villes iwwert Osthéopathie gesot, och dass et hëllefräich ass. Virun e puer Deeg ass en Gesetz ugeholl ginn, dat de Beruff vum Ostéopathe unerkennt...Wat stécht also hannert der Ostépathie? Zweeten Deel vun eisem Gespréich mam Claude.

  • Wat ass Osthéopathie?

    24/07/2018 Duración: 16min

    Hokus-Pokus, Pseudo-Medizin, oder einfach just brutal Massagen? Et gëtt villes iwwert Osthéopathie gesot, och dass et hëllefräich ass. Virun e puer Deeg ass en Gesetz ugeholl ginn, dat de Beruff vum Ostéopathe unerkennt...Wat stécht also hannert der Ostépathie? Éischten Deel vun eisem Gespréich mam Claude.

  • Kommunismus - Ass et dann elo eng Leisung?

    17/06/2018 Duración: 13min

    Véierten an leschten Deel vun eiser Diskussioun iwwert Kommunismus. Mir diskutéieren déi initial Fro, op Kommunismus dann eng Alternativ fir en politikverdrossenen Bierger ass, deen sech net well missen mat der res publica auserneesetzen. Diskussiounspartner: Christophe Schmit

  • Kommunismus - kann et iwwerhaapt fonctionnéieren?

    09/06/2018 Duración: 22min

    Deel 3 vun eiser Diskussioun iwwert Kommunismus. Nodeem mer gekuckt hunn, wat d' Theorie ass an iwwerflunn hunn, wei déi Theorie ëmgesat gouf, widmen mer eis der Fro, op et iwwerhaapt méiglech ass, dat kommunistesch Ideal an d'Praxis ëmzesetzen, oder ob déi Idee onrealistesch ass. Diskussiounspartner: Christophe Schmit

  • Kommunismus - Praxis

    01/06/2018 Duración: 23min

    Deel 2 vun 4 aus eiser Rei iwwert Kommunismus. Des Kéier iwwerfléien déi verschidden konkret Ëmsetzungsversich vun den kommunisteschen Ideeën. Diskussiounspartner: Christophe Schmit. .

  • Kommunismus - Théorie

    27/05/2018 Duración: 14min

    Wat ass Kommunismus? Wei eng Ideeën an Konzepter verstoppen sech dohannert? Mir iwwerfléien déi wichtegst Gedanken an dësem éischten Deel aus enger Serie vun 4 Podcasts. Gespréichspartner: Christophe Schmit

  • D'Schëff vum Theseus an den Problem vun der duebeler Identitéit

    05/05/2018 Duración: 15min

    All Saach ass eppes...oder kann se net vläicht och méi wei eppes sinn. Oder kennen net vläicht verschidden Saachen dat selwecht sinn? Fannt et raus bei eiser Diskussioun vun "aneren" Problem zum Schëff vum Theseus. Diskussiounspartner: François Wirion

  • D’Schëff vum Theseus an den Problem vun der Identitéit

    13/04/2018 Duración: 12min

    Wat mëscht mech aus? Oder Iech? An wouhier weess ech, dass ech nach ëmmer ech sinn, och wann ech 10 Joer méi aal sinn wei ech virun 10 Joer war? Klengt abstrakt? Ass et och! D'Fro vun der Identitéit ass eng ganz aal, an mir ginn eis emol ukucken, wat dohannert stécht! Schiff ahoi! Diskussiounspartner: François Wirion

  • Doudesstrof - D'Argumenter

    25/02/2018 Duración: 21min

    Déel 2 vun eiser Épisode zur Doudesstrof, an desem Déel kucke mer eis dei verschidden Argumenter pro a contra un, an diskuteieren, op et eng eendeiteg Positioun gett. Diskussiounpartner: De François Wirion

  • Doudesstroof - En kuerzen Iwerbleck

    25/02/2018 Duración: 09min

    d'Doudesstrof - Déel 1 En kuerzen Iwerbleck iwert d'Geschicht vun der Doudesstrof an desem eischten Déel. D'Argumenter analyseieren mer an Déel 2. Diskussiounspartner haut: de François Wirion

  • Kilonova - kosmescht Gold!

    25/12/2017 Duración: 27min

    Den leschten Podcast fir 2017 - an den 20. fir den Speakeasy! En Planéit aus Gold - ni méi schaffen goen! Wou, wei, wat? Eng Diskussioun doriwwer, wei mer erausfonnt hunn, dass et déi "Äerd aus Gold" gëtt, wou se ass, asw. Oder, méi seriö: Wat kenne mer aus enger Kilonova leieren! Diskussiounspartner: Den Robert

  • As Nationalsozialismus eng Alternative?

    14/12/2017 Duración: 35min

    Wielen goen? Sech fir Politik interesseieren? Biergerpflichten?Wahlprogrammer! Puh...ustrengend! Do muss een jo aus dem Canapé opstoen an d'Gehier anschalten! Mais et gëtt Alternativen, z.B. Totalitarismus. Dofir diskuteieren mer haut, op Nationalsozialismus net besser wär ewei eng libéral Démokratie. Fräiheet, Gläichheet a Verantwortung oder Diktatur, Faschismus an Krich? (opgepasst: Sarkasmus!) Diskussiounspartner: den Jacques

  • Eng Welt ouni Religioun?

    09/10/2017 Duración: 35min

    No eisem leschten Podcast iwwert Atheismus, haut eng Reflexioun doriwwer, wei eng Welt ouni Relioun géif ausgesinn. Dobäi diskutéiere mer och, ob dat iwwerhaapt méiglech wär (Relioun gëtt et a ville Formen, souguer ouni Gottheeten dran) oder wënschenswäert. Vill Spaass beim Lauschteren! Diskussiounspartner: De Franz

  • As Atheismus e Glawen?

    23/09/2017 Duración: 20min

    Di eng mengen, Atheismus wär keng Form vun Glawen, well Atheisten eben NET un d'Existenz vu Gott gleewen. Di aner mengen, Atheismus wär wei all aneren Glawen, well Atheisten NET un d'Existenz vu Gott gleewen. Wat da lo? As eppes dohannert, oder handelt sech just em Wuertspillereien? Diskussiounspartner: De Franz

  • As Philosophie doud?

    06/09/2017 Duración: 33min

    No enger klenger Summerpaus - bumm - direkt déi grouss Fro: Wat soll Philosophie iwwerhaapt nach? Gett een dovun glécklech, räich, beléift oder schéin (d'Äntwert as natierlech selbstverständlech!)? Geet et och ouni? Eng kleng Diskussioun aus dem Krisemanagement-Center vum Speakeasy. Diskussiounspartner haut: Pascale

  • Prison fier de Batman?

    22/07/2017 Duración: 49min

    En hellt d'Gesetz a seng eegen Hänn, an kämpft (anscheinend) géint d'Kriminalitéit. Mais as hien wierklech een vun deenen Gudden? Gehéiert een, deen sou handelt, net hannert Gitteren? Gespreichspartner: de Max an de Franz

  • Ghostbusters - Si Fraen die besser Männer?

    07/07/2017 Duración: 01h26min

    Firwat gëtt et ëmmer mei Film-Remakes, an deenen déi männlech Personnagen duerch weiblecher ersat ginn? Zeitgeist? Feminismus? Opportunismus? Eng Diskussioun zu där Fro, an nach vill aneren Saachen. Gespréichspartner: Félix Koch Fier weider Infoe iwwert den Félix oder den Superjhemp-Film: www.feko.net Dem Félix säin Podcast: www.podcasts.com/living-the-dream…enale-podcast-35

  • Superjhemp retörns - Director's Cut

    23/06/2017 Duración: 01h04min

    2018 kennt e Film iwwert de Superjhemp, an mir hun den Realisateur am Interview. Hei as déi laang Versioun vum Interview, wou mer iwwert d'Plagen vun der Normandie, südamerikaneschen Kaffi, mais awer och Kachkéis an de Superjhemp schwätzen. Et gëtt och déi kuerz Versioun vum Interview - just mam Thema Superjhemp-Film. Gespréichspartner: Félix Koch Fier weider Infos iwert den Félix oder den Superjhemp-Film: www.feko.net Dem Félix säin Podcast: http://www.podcasts.com/living-the-dream-at-ein-genrenale-podcast-35

  • Superjhemp retörns - Interview mam Régisseur

    23/06/2017 Duración: 29min

    2018 kennt e Film iwwert de Superjhemp, an mir hun den Realisateur am Interview. Hei as déi kuerz Versioun vum Interview, wou et just em de Film geet. Et gëtt och d'Directors-Cut-Versioun vum Interview, wou nach ganz vill aaner Sachen ugeschwat gin Gespréichspartner: Félix Koch Fier weider Infos iwert den Félix oder den Superjhemp-Film: www.feko.net Dem Félix säin Podcast: http://www.podcasts.com/living-the-dream-at-ein-genrenale-podcast-35

  • Fleisch ist mein Gemüse

    10/06/2017 Duración: 46min

    Iessen d'Vegetarier der Nahrung vun den Fleeschfrësser net d'Nahrung ewech? Oder as den Fleeschkonsum iwwerhaapt net mei ze rechtfäerdegen? Wat bedeit dat iwwerhaapt, e Liewen ouni Fleeschkonsum? Eng Diskussioun mat enger Veganerin iwwert Fier- an Nodeeler vun Vegetarismus an Veganismus. Diskussiounspartneren haut: d'Pascale & en surprise-guest

página 8 de 9